Léiwer Herrgottsblieschen Gitt ons Speck an Ierbessen Ee Pond, zwee Pond Dat anert Joer, gitt dir gesond Da gitt dir gesond, da gitt dir gesond Loosst déi jonk Leit liewen An déi al Leit stierwen Kommt dir net bal, d'Féiss ginn ons kal Kommt dir net gläich, gi mir op d'Schläich Kommt dir net geschwënn, d'Féiss ginn ons dënn Kommt dir net gewëss, da kritt eng gutt op d'Schnëss Da kritt dir op d'Schnëss, ee Schouss voll Nëss Loosst déi jonk Leit liewen