13 Januar 94 gebuer an der Stad E klengen Tonnar an eng räich Famill déi alles hat Mir hunn ni gehongert ech war ëmmer sat Souguer méi wéi dat, fir den Dessert ass nach Platz, Nach en 2. sécher dat Zimmlech séier war ech dunn e bësse mockeleg An der Schoul hu Kanner gelaacht jo se mobbe mech Mee t' war mir egal am Ufank hunn ech matgelaacht Firwat se dat maan nee dat wosst ech net T' waren nëmme Kanner Am Turne gouf ech rëm als leschte gepickt Normal, wie wollt schonn de Fettsak an der Ekipp Egal, ech sot mer jo déi lescht sinn ëmmer déi bescht Obwuel ech Spaass hat fillen ech mech ëmmer sou schlecht Am Schwammen hunn ech mech geschummt mech auszedoen, erauszegoen Sécher vun de Blécker war ech just beim Tauche goen Ech si selwer Schold, soll mech net bekloen Dag fir Dag krut ech dat ze verstoen Meng Mama ass mat mir gerannt vun Dokter zu Diététiciennen Déi sech anscheinend sou gutt auskennen Verschreiwe mer Pëllen, setze mech op Regime Packen dat vläicht puer Wochen dono bauen ech nees eng Deprimm Am Lycée ass alles nëmmen nach schlëmmer ginn Hu mech net getraut de Girls ze soe wat ech fir se fillen Krut nimools Komplimenter fir mäin Ausgesinn Ech sinn net an hirer Liga an ech duecht dat misst sou sinn Nee ech hu kee schéine Body, nee ech fille mech net schéin Ech fille mech sou elle rappe Witzer mee verspiere Pain Sinn de Klasseklon bréngen all Mënsch zum laachen ech si beléift Mee wann ech eleng sinn drécken ech erëm eng Tréin War jalous op meng Kolleegen Well si Meedercher ofschleefen Wärend ech meng Kilos schleefen Ganz eleng mäi Kapp e Käfeg Konnt nëmmen dovunner dreemen Wéi et ass endlech ze neelen Wollt mäin Ziel endlech erreechen Endlech Léift vun engem Meedchen Meng Kolleegen hunn hier Erfarunge laang scho gemaach Op meng 1. Erfarung hunn ech vill ze laang scho gewaart Hat den éischte Sex mat 18, pff wat soen ech iech Hat mäin 1. Kuss mat 18, stell der dat emol vir Déi 1. Kéier huet ee meng Gefiller erwiddert Déi 1. Kéier war sou nervös ech hunn nonstop geziddert Déi 1. Kéier wou ech sou eppes fillen Déi 1. Léift licht hell wéi d'Sonn duerch den Niwwel Du hues mech verännert, ech gouf e bessere Mënsch Seit ech dech kennen hat mäi Liewen endlech nees e Sënn Awer trotzdeem hat ech dat Gefill ech hätt dech net verdéngt Du eng Prinzessin ech e Fettsak dee sech dauernd bedrénkt Jo ech sinn e Big Mec Big Häerz, Big Brain maache Big Flex Big Bags, Big Chains schreiwe Big Texts Big Love ech hunn sou villes ze ginn Big Love fir hatt well hatt wëll e Big Mec Big Butt, Big Tits mir hu Big Sex Big Life, Big Parra maache Big Tracks Big Love ech hunn sou villes ze ginn Big Love fir mech well ech sinn e Big Mec Weess de wéi dat ass All déi Blécker tëschent Eekel a Laachen Weess de wéi dat ass Ze déck ze si fir schéi Kleeder ze kafen Weess de wéi dat ass Sech all Dag am Selbstmatleed ze verlafen Weess de wéi dat ass So weess de wéi dat ass Éischte Studium an der Schwäiz ech hunn et genoss All Dag Party, all Dag friessen all Dag gëtt sech besoff T'war mer alles egal ech verléieren d'Kontroll D'Rechnung koum no 3 Joer: 30 Kilo zougeholl Ech war verzweiwelt, wéi soll ech dat dann nëmme packen? Meng Doktesch sot mer ech bräicht eng OP wann ech mech net rappen Kucken an de Spigel kucken direkt nees fort Wéi kann een sech selwer sou haassen, fille mech net gesond Ech hu Schwieregkeeten opzestoen, Schwieregkeete laang ze goen Schwieregkeete mech ze bécken a meng fucking Schong ze strécken Wéi vill Still sinn zerbrach, wéi vill Better ageknéckt Nee des Welt ass net gemaach fir déi Déck Mëttlerweil sinn ech genervt wa meng Eltere mech froen Wéi et mam Gewiicht géing goe loosse mer näischt méi soen Muss dat selwer erdroen, muss mech selwer duerchploen Hunn d'Gefill kee ka mech wierklech verstoen Mol net meng Frëndin Dat Meedche wat mech deemools gekusst huet ass bal 9 Joer bliwwen Sinn him éiweg dankbar well hatt huet mer richteg Léift gewisen Du sooss mer dass du och ënnert mengem Gewiicht leids Wat e Bullshit sou eppes ze soe mat denger Slim Taille Sinn net lasskomm vun dir well ech duecht keen anere wéilt mech hunn Awer no laangem hin an hier hunn ech et endlech duerchgezunn Déi 1. Kéier single a mengem erwuessene Liewen Hu mech ze laang zréck gehale wëll nach sou villes erliewen No all eenzele fucking Kuerf wéinst mengem Iwwergewiicht Hätt ech mech am Léifsten higeriicht, Brudder mee ech bleiwe richt Ech weess wien ech sinn an ech weess wat ech kann Jo du weess ech hu Skills a meng Beats déi si krank Hu mäi Kierper na net gär mee si scho vill méi no drun Jo dat Liewen ass net fair mee fléien net aus der Bunn A meng Wierder voller Schmäerz awer net ouni Hoffnung Duerch mäi Wiesen a mäin Häerz fillen sech Girls ugezunn 27 Joer an ech hunn et na net verschafft All déi fucking Kommentarer jo se maache mech krank Aner Rapper maan de Geck, menge sie wäre krass Ech wéilt sou gär driwwerstoen, och wann ech et net kann Well wa mech eppes stéiert, ganz egal wat et ass Schwätzen ech et direkt un, nee spillen nemmi do mat A wann's och du net an dat Schéinheetsideal passt Da lauschter mer mol no well du bass gutt wéi's de bass Jo ech sinn e Big Mec Big Häerz, Big Brain maache Big Flex Big Bags, Big Chains schreiwe Big Texts Big Love ech hunn sou villes ze ginn Big Love fir hatt well hatt wëll e Big Mec Big Butt, Big Tits mir hu Big Sex Big Life, Big Parra maache Big Tracks Big Love ech hunn sou villes ze ginn Big Love fir mech well ech sinn e Big Mec Big Häerz, Big Brain maache Big Flex Big Bags, Big Chains schreiwe Big Texts Big Love ech hunn sou villes ze ginn Big Love fir hatt well hatt wëll e Big Mec Big Butt, Big Tits mir hu Big Sex Big Life, Big Parra maache Big Tracks Big Love ech hunn sou villes ze ginn Big Love fir mech well ech sinn e Big Mec Jo ech sinn e Big Mec Jo ech sinn e Big Mec Jo ech sinn e Big Mec Jo ech sinn e Big Mec